Home   Contactez-nous    
 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

   <= retour

Jean-Pierre-Théophile DECKER

Né à Lottert (Thiaumont) le 24 mars 1901 dans une famille d’agriculteurs peu aisés. Ayant obtenu une bourse de fondation, il entre au « Kolléisch », ainsi que les Arlonais désignent l’Athénée de leur ville. Sa présence devenant indispensable à la petite ferme paternelle, il interrompt ses humanités, alors qu’il allait entrer en année terminale.

Resté célibataire à une époque où les « vieux garçons » menaient une vie sociale très dense, il anime de son talent de cabaretiste et de parolier les soirées organisées par la dramatique « L’Aurore » de Thiaumont. Ses nombreux poèmes de circonstance écrits entre 1925 et 1947 n’ont pas été publiés et sont actuellement introuvables.

Théophile Decker est mort à Messancy le 15 avril 1971.

Ech sin diem Land säi Kand

 

Kennt der nit dat schéint kleng Land
Wéi der néirens känt méi fannt.
D'Land dat as nit esou grouss,
Siwe Stonne laang zu Fous.
Kennt der och di schéi kleng Stad
Déi den Härrgott dra gesat.
Se läit héich op enger Knup,
Do as d'Loft sou reng a gutt.

 

Wou d’Sëtzbaach eraus jo spréngt,
De Léifvull am Himmel séngt,
Do huet wuel méng Wéi gestan
An ech hat och eng gutt Mamm.
Bäi dier Baar gouf ech gezillt.
Do hun ech fi d’éischt gespilt.
Ech si mam Waasser gelaf,
Hu gesongen a gepaff.

An dat Land hun ech gekuckt.
-         Ech stung op der Stackmer Knupp –
D’Kathedral huet vun der Stad
Mir e schéine Gruss gemat.
Dierfer bis zum Aslerwauld,
Déi si mir sou gutt bekaunt,
An der Sonn hu si geblénkt
An hu mir erop gewéinkt.

Wou d’Drouatert huet hir Quell,
Do entspréngt si aus der Hell,
Leeft ënnert dem Himmel duurch
Zwëscht Eltschet an Diddebuurch,
Bommelt sech op Atert zou,
Mécht am Déimpel D’Fësch sou frou,
Séngt lues am Aterterdaul,
Dréiwt d’Millen am Waasserfaul.

 

Marteléng dat huet séng Koll
Wou de Schiefer gëtt geholl.
D’Lée vun den Deech sou blo
Kommen déi dan nit vun do ?
Dan de schéinsten Eck vum Land,
D’Eischeléck gëtt et genannt.
Sangen d’Aarbécher am Daul
Gëtt de Wauld de Widderschaul.

 

Attem, dat läit op der Gräänz.
Attem, dat huet och séng Schmäälz.
Esch, dat huet de schéinste Wees
Dien de Bauer zillt am Schwees.
't As de Beschten Eck vum Land,
Guttland gëtt et och genannt.
Vun der Sëtzbaach bis op d'Batt
Sangen d'Leit dat Lidd hei mat.

 

***

’t War um Maart vun de Verléift
Wou d’Meedchen dem Jong zouréift:
« Jhängi, kaf mer de Nécklees
Da gin ech dir och eng déck Bees. »
Dat huet hien huurtig gedou,
Si gouwe maddenee frou.
Ech wees nit ob der ‘t wësst
D’Guttland hat d’Eischléck gekësst.

Am Arem hu se séch gehal,
Si hu séch och gutt gefal,
Si getrappt Stad op Stad af,
Ware glécklig, hu gelaacht,
Hun änt gutt Gliesje geholl,
-         Dat mouch si nach laang nit foul –
Hate séch och mat der Hand
Fir ze sangen d’Lidd vum Land.